
Grond fir dës Decisioun ass de Konflikt tëscht der US-Regierung an der renomméierter Universitéit. De Verdeedegungsminister Pete Hegeseth kritiséiert d’Uni als “woke” a reprochéiert hir, fir Offizéier mat radikalen Ideologien zeréck ze schécken.
D’US-Regierung ënner dem President Donald Trump üübt zanter längerem staarken Drock op d’Elite-Universitéit aus. Ënnert anerem goufe Milliarde vun Dollar u Fuerschungsgelder gestrach a probéiert, d’Uni dorun ze hënneren, auslännesch Studenten opzehuelen.
Harvard hat am Abrëll verschidde Fuerderunge vun der Regierung zeréckgewisen. Dës reprochéiert der Universitéit, Antisemitismus um Campus toleréiert ze hunn. D’Uni-Leedung gesäit d’Moossnamen als illegal Repressalien, well Harvard sech net un déi ideologesch Virstellunge vun der Regierung ugepasst hätt. D’Universitéit huet dowéinst Klo géint d’US-Regierung agereecht a krut a béide Geriichtsprozeduren bis elo Recht. D’Regierung ass awer an Appell gaangen, sou datt de juristesche Sträit nach net ofgeschloss ass.