Dokter huet sech am Kongo ugestachÉischten Ebola-Fall a Frankräich

RTL mat AFP
En Dënschdeg ass zu Paräis en Dokter gelant, dee sech an der Demokratescher Republik Kongo mat Ebola ugestach huet. Et ass den éischte confirméierte Fall baussent Afrika.
E franséischen Dokter huet sech am Kongo mat Ebola infizéiert
E franséischen Dokter huet sech am Kongo mat Ebola infizéiert
© BENEDICTION MURHABAZI/AFP

A Frankräich ass den éischten Ebola-Fall festgestallt ginn. Et handelt sech bei der concernéierter Persoun ëm en Dokter, deen en Dënschdeg aus der Demokratescher Republik Kongo, déi vun enger Ebola-Epidemie getraff ass, zréckkomm ass.

D'Autoritéite sinn aktuell op der Sich no alle Persounen, déi zesumme mam Patient am Fliger souzen oder Kontakt mat him haten. Air France, déi de Vol duerchgefouert haten, hunn den Autoritéiten d'Lëscht mat de Passagéier weiderginn. Der franséischer Santé no missten déi Leit sech drop astellen, sech wärend 21 Deeg doheem z'isoléieren.

Frankräich ass domat dat éischt Land ausserhalb vun Afrika, dat eng Ebola-Infektioun confirméiert. Verdachtsfäll an Italien an a Brasilien hate sech net bestätegt. Déi concernéiert Persoun wier an engem spezialiséierten Etablissement a Behandlung an an engem stabillen Zoustand, sou de franséische Santésministère weider. De Medezinner, deen an de betraffene Gebidder fir eng ONG am Asaz war, wier zu Kinshasa nach ouni Symptomer, ausser Kappwéi, an de Fliger geklommen.

De Centre européen de prévention et de contrôle des maladies (ECDC), grad esou wéi de franséische Ministère, geet dovun aus, dass en Infektiounsrisiko a Frankräich oder Europa aktuell awer ganz minim wier. D'Isoléiere vum Patient an d'Verfollege vu senge Kontakter géifen entscheedend dozou bäidroen.

Leschten offiziellen Zuelen no sinn an der DR Kongo 1.048 Ebola-Infektiounen an 267 Doudeger confirméiert. Experte ginn awer dovun aus, dass d'Donkelziffer awer vill méi héich läit. Géint déi sougenannt Bundibugyo-Variant, déi sech och bis an en Deel vun Uganda verbreet huet, existéiert aktuell nach kee wierksaamt Traitement oder Impfstoff.

Back to Top
CIM LOGO