Däitsch Police melltLinz um Rhäin: Gidderzuch kollidéiert mat Aarbechtsplattform

RTL Lëtzebuerg
Bei Reparaturaarbechten un enger Luucht ass et e Mëttwoch zu Linz um Rhäin zu engem Accident tëscht engem Gidderzuch an enger Aarbechtsplattform komm, bei deem ee Mataarbechter liicht blesséiert gouf.
Nom Ofschloss vun der Ermëttlung op der Plaz gouf d'Eisebunnsstreck géint 12:55 Auer nees fir de Verkéier fräiginn.
© INA FASSBENDER/AFP

Wéi d'Bundespolizei vun Tréier matdeelt, ass et e Mëttwoch géint 11:00 Auer zu Linz um Rhäin zu enger Kollisioun tëscht engem Gidderzuch an der Plattform vun engem Camionskran komm. Wéinst Reparaturaarbechten un enger Luucht houng d'Plattform iwwert de Gleiser. E Gidderzuch, deen a Richtung Koblenz ënnerwee war, ass doropshin an d'Installatioun gerannt.

Ee Mataarbechter gouf liicht blesséiert a preventiv an e Spidol an der Géigend bruecht. De Gidderzuch gouf net wesentlech beschiedegt a konnt seng Faart fortsetzen.

Bei der Identitéitskontroll vun engem 31 Joer alen Zeie gouf iwwerdeems en aktuelle Mandat d'arrêt vum Parquet Paderborn festgestallt. De Mann gouf wéinst engem Verstouss géint d'Pflichtversécherungsgesetz gesicht.

Nodeems hien eng Geldstrof vu 1.500 Euro bezuelt huet, konnt hien op fräiem Fouss bleiwen.

Nom Ofschloss vun der Ermëttlung op der Plaz gouf d'Eisebunnsstreck géint 12:55 Auer nees fir de Verkéier fräiginn.

Back to Top
CIM LOGO