
No ronn 35 Joer mat der SPD un der Spëtzt steet Rheinland-Pfalz virun engem Muechtwiessel. Bei der Landtagswal huet d'CDU mat hirem Spëtzekandidat Gordon Schnieder kloer déi meeschte Stëmme kritt, virun de Sozialdemokrate mam Ministerpresident Alexander Schweitzer, déi massiv Verloschter erlidden an dat schlechtste Resultat an hirer Geschicht an deem Bundesland gemaach hunn. Dëse wäert an der zukünfteger Regierung vum Bundesland net méi vertruede sinn, sou de Schweitzer no senger Néierlag.
Den Héichrechnungen no lant d'AfD op der drëtter Plaz, mat klorem Ofstand virun de Grünen. D'FDP an d'Freie Wähler kommen net an de Landtag. Opgeruff, wielen ze goen, ware knapp 3 Millioune Bierger. D'Walbedeelegung louch bei ronn 69,4 Prozent. Viru 5 Joer waren et just 64,3 Prozent gewiescht.
D'CDU kann am Landtag op 36 oder 37 Sëtz zielen, wärend op d'SPD 31 Mandater entfalen. 24 Sëtz ginn un d'AfD an 9 oder 10 un déi Gréng. D'Koalitiounsoptioune sinn domat begrenzt. Rechneresch a politesch realistesch ass wuel eng Koalitioun tëscht CDU an SPD.
Den CDU-Bundeskanzler Friedrich Merz huet dem Gordon Schnieder op de Soziale Medie gratuléiert:
D’CDU wier mat engem Plus vu knapp 3 Prozentpunkten déi stäerkst Partei mat 30,6 bis 30,9 Prozent vun de Stëmmen.
D’SPD krut tëscht 25,7 a 25,9 Prozent vun de Stëmmen. Mat engem historesche Verloscht vu bal 10 Prozentpunkte si si just nach zweetstäerkst Kraaft.
Op Plaz 3 kënnt dann d’Alternativ fir Däitschland mat 20 Prozent vun de Wielerstëmmen. Si hu sech quasi verduebelt. Fir d’AfD ass et e Plus vu gutt 11 Prozentpunkten. Si sinn déi stäerkst Kraaft bei ganze jonke Wieler tëscht 18 a 24 Joer.
Plaz 4 ass fir déi Gréng mat Wäerter tëscht 7,9 an 8,1 Prozent, wat e Verloscht vu ronn engem Prozentpunkt ausmécht.
Duerno kënnt die Linke, déi mat +2 Prozentpunkten hiert Resultat bal verduebelt hunn. Si hunn elo 4,5 Prozent.
D’FDP kënnt just nach op 2,1 Prozent.