
Nordkorea huet ënner Opsiicht vum Kim Jong Un en neien Feststoff-Raketenundriff getest. Dat hunn d’Staatsmedie matgedeelt, ouni Detailer dozou ze ginn, wou a wéini genee den Test stattfonnt huet. Et ass den éischte bestätegten Test vun esou engem staarken Undriff zanter September, an no offiziellen Informatioune soll d’Schubkraaft dës Kéier däitlech méi héich ausgefall sinn.
Militärexperte ginn dovun aus, datt Nordkorea dës Technologie fir ballistesch Interkontinentalrakéiten entwéckelt, déi Ziler iwwerall op der Welt erreeche kënnen. Laut dem Spezialist Hong Min wëll d’Regierung zu Pjöngjang Rakéite bauen, déi och modern Loftverdeedegungssystemer iwwerwannen. Eng Expertin vum koreanesche Verdeedegungsinstitut huet erkläert, datt Nordkorea zwar iwwer d’Kapazitéit verfüügt, fir eng Rakéit ze lancéieren, déi d’amerikanesch Festland treffe kéint – mee d’Fro wier, ob dës och méi Sprengkäpp droe kéint. Dat géif eng nach méi grouss Schubkraaft erfuerderen.
Nordkorea bleift wéinst sengem Rakéiten- an Atomprogramm international isoléiert a steet ënner enger Rei vu Sanktiounen.