Simulatioun vu SonnendäischtertenESA stellt no engem Mount Kontakt mat Satellit vu Proba-3-Missioun erëm hier

AFP, iwwersat vun RTL
Virun engem gudde Mount hat d'Europäesch Raumfaartagence de Kontakt mat engem vun hire Satellitte verluer.
Rund einen Monat, nachdem der Kontakt zu einem Satelliten der Proba-3-Mission zur Erforschung von Sonnenfinsternissen abbrach, hat die Europäische Raumfahrtagentur (ESA) wieder ein Signal empfangen. ESA-Direktor Josef Aschbacher sprach von einem "Wunder".
D’Satellitte vun der Proba-3-Missioun solle Sonnendäischterte simuléieren an domat d’Korona vun der Sonn analyséieren.
© ESA/AFP/Archiv

Ronn ee Mount, nodeems de Kontakt zu engem Satellit vun der Proba-3-Missioun ofgebrach war, huet d’Europäesch Raumfaartagence nees e Signal kritt. Den ESA-Direkter Josef Aschbacher huet en Donneschdeg viru Journaliste vun engem “Wonner” geschwat. De Satellit, deen elo wuel nees aktiv ass, ass ee vun zwee Satellitten, déi am Kader vun der Proba-3-Missioun eng Sonnendäischtert simuléiere sollen.

D’ESA huet déi zwee Satellitten Enn 2024 an de Weltall geschoss. Den éischte Satellit, de sougenannten Occulter, ass mat engem Schëld equipéiert a soll am Experiment d’Roll vum Mound spillen, dee sech virun d’Sonn dréckt. An der Däischtert dohannert soll den zweete Satellit, de Coronagraph, dann d’Sonnekorona analyséieren.

De 14. Febraur gouf beim Coronagraph aus onbekannte Grënn eng Kettereaktioun ausgeléist, déi dozou gefouert huet, datt de Satellit sech esou gedréint huet, datt d’Solarpanele keng Sonn méi of kruten. De Coronahraph huet dunn an e Stroumspuermodus geschalt, bei deem nëmmen déi wichtegst Systemer bedriwwe ginn. Doropshin ass de Kontakt zum Satellit ofgebrach.

Viru Kuerzem huet sech de Coronagraph wuel iwwerschloen, wéi den Aschbacher sot. Eng ESA-Ekipp a Spuenien konnt erkennen, datt e bësse Sonneliicht op d’Solarpanele gefall ass. D’Weltraumfuerscher konnten esou de Kontakt nees hierstellen. D’Solarpanele wieren elo nees zu der Sonn hi gedréint an de Satellit hätt nees Stroum.

D’Proba-3-Missioun soll eng besser Erfuerschung vun der Sonnekorona erméiglechen, déi nëmme bei enger kompletter Sonnefinsternis siichtbar ass. D’Sonnekorona, déi baussenzegst Atmosphär vun der Sonn, ass mat bloussem A oder duerch en normalen Teleskop net z’erkennen, well d’Sonn esou staark blent. Nëmme bei enger Sonnendäischtert ass dat schwaacht Liichte vun de Gase ronderëm d’Sonn ze gesinn. Weltwäit ginn et all Joer zwou bis véier Sonnendäischterten, déi ëmmer nëmmen e puer Minutten daueren.

Déi zwee ESA-Satellitte sollen dowéinst am Weltraum däitlech méi laang Sonnefinsternisse simuléieren. Fir eng “Sonnendäischtert no Besoin” mussen déi zwee Satellitte sechs Stonne laang en Ofstand vun 150 Meter zueneen op de Milimeter genee anhalen - iwwer 60.000 Kilometer vun der Äerd ewech.

D’Donnéeë sollen der ESA no ënner anerem d’Fro beäntwerten, firwat d’Korona vill méi waarm ass wéi d’Sonn selwer. D’ESA hofft och op nei Erkenntnisser zu Sonnestierm, déi Satellitten an Technik op der Äerd paralyséiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO