D'USA hunn an der Nuecht op e Méindeg nees den Iran ugegraff. D'US-Militär huet d'Attacke selwer gemellt. D'Zil wär et gewiescht, den Iran dorun ze hënneren, Handelsschëffer an der Strooss vun Hormus zu attackéieren. US-amerikanesch Medien hate virdru scho vun neien Attacke géint den Iran geschwat. Och Rakéiten-Positiounen an iranesch Fluchofwier wären an d'Viséier geholl ginn, grad ewéi Booter vun de Revolutiounsgarden.
Teheran huet d'Attacke condamnéiert. Déi diplomatesch Efforten aus de leschte Méint wäre fir näischt gewiescht. Et ass déi véiert Well vun Attacken zanterdeem de Konflikt e Mëttwoch nees opgeflaamt war. Den Iran huet sech mat Ugrëffer op Ziler an e puer Golfstaate revanchéiert.
D'iranesch Revolutiounsgarden hunn och betount, dass d'Strooss vun Hormus zoubleiwe géif, bis déi amerikanesch Interventiounen an der Regioun eriwwer sinn. Den USA no kontrolléiert den Iran dee Passage awer guer net.