
D’EU-Kommissioun huet d’EU-Memberstaaten, wéinst dem Irankrich, dozou opgeruff, hir Gas-Stocken dëse Wanter manner ze fëllen wéi soss. 80% amplaz 90%. Bréissel hofft, datt duerch des Mesure den Drock op d’Energiepräisser zréckgeet. Domadder kéint een d’Acteure vum Marché berouegen, schreift den däneschen Energiekommissär Dan Jorgensen. Et misst een dovunner ausgoen, datt et méi laang dauert, bis d’Produktioun vu Flësseggas am Qatar nees sou lafe ka wéi virum Ufank vum Krich.
Dës Woch waren d’Gasfelder souwuel am Iran wéi och am Qatar ugegraff ginn. Den Energiekommissär berouegt och a sengem Bréif. D’Versuergungssécherheet fir d’EU géif “relativ stabel” bleiwen. Mä d’Europäesch Unioun ass natierlech och de Präisser vum Weltmaart ausgesat. Zanter dem Ufank vum Krich huet sech den Uelegpräis ëm méi wéi 50 Prozent erhéicht an d’Gaspräisser an der EU sinn ëm méi wéi 30 Prozent geklommen. Den Iran hëlt Ueleg- a Gasanlagen an de Golfstaaten an d’Viséier a blockéiert de wichtege Liwwerwee duerch d’Strooss vun Hormus.
Alles dat erënnert ganz staark un d’Gaskris am Ufank vum Ukrainkrich viru véier Joer.