
Déi Deputéiert haten en Dënschdeg zu Stroossbuerg fir en Entworf fir den néidege gesetzleche Kader gestëmmt, iwwer dee si elo mat de 27 EU-Staate verhandele mussen. Iwwer d'Aféierung vum sougenannten digitalen Euro muss deemno déi Europäesch Zentralbank (EZB) decidéieren.
Digital Euroe sollen an enger App gespäichert ginn a wéi Boergeld vum Bankkont opgehuewe kënne ginn. All Butteker sollen no der Aféierung deemno souwuel Boergeld wéi och digital Euroen unhuele mussen. Et soll ee sech ausserdeem géigesäiteg digital Euroen hin an hier schécke kennen. Europa géif domat méi onofhängeg vu Kreditkaarten-Fournisseure wéi Visa a Mastercard, ma och vu Bezuelungsdéngschter wéi Paypal a Klarna sinn.
D'EZB wëll den Déngscht Ufank 2029 aféieren. An de Verhandlunge wäerten et awer nach e puer Sträitpunkte ginn, iwwer déi diskutéiert muss ginn. Esou zum Beispill de Bäitrag, deen Händler fir d'Benotze vum digitalen Euro mussen ofginn. Och den Héchstwäert un digitalem Boergeld, déi am digitale Portmonni däerf dra sinn, ass ëmstridden. Iwwerdeems fuerderen d'Deputéiert och e méi staarken Dateschutz.