Bilan vum NATO-Sommet zu AnkaraEuropa ass bereet, sech méi ze engagéieren - Donald Trump ass zefridden

Marc Hoscheid
Vun Europa heescht et, Investitiounen an d'Verdeedegung wiere kee Kaddo un d'USA, mee am eegenen Interessi. Lëtzebuerg proposéiert d'Kreatioun vun enger neier Bank fir Defense, Sécherheet a Resilienz.

Déi lescht zwee Deeg sinn zu Ankara an der Tierkei d'Vertrieder vun den NATO-Staate fir ee Sommet zesummekomm. D'Europäer hu sech dono nawell zefridde gewisen, well et net zu engem Eclat mam US-President Donald Trump komm ass. Et ass awer op en Neits däitlech ginn, datt Europa an Zukunft méi Responsabilitéit iwwerhuelen an och méi Suen a seng Defense investéiere muss.

Bilan vum NATO-Sommet zu Ankara / Rep. Marc Hoscheid

An dozou wier een och gäre bereet, et géing een dat nämlech net maachen, fir iergendengem ee Gefalen ze doen, mee well et am eegenen Interessi wier, huet den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz gemengt. Mat "iergendengem" dierften d'USA a virop den Donald Trump gemengt sinn. Den US-President fuerdert jo schonn zanter senger éischter Amtszäit, datt d'NATO-Membere vill méi an hir Defense investéieren. An do wier een amgaangen ze liwweren, esou de Friedrich Merz.

"In den letzten 12 Monaten haben allein die europäischen Mitglieder der NATO ihre Verteidigungsausgaben um über 100 Milliarden Euro erhöht. Deutschland hat daran einen Anteil von rund 25 Milliarden Euro, wir haben unsere Verteidigungsausgaben auf knapp 125 Milliarden angehoben. Wir haben in 4 Jahren, seit dem Jahr 2022, unsere Investitionen in unsere Verteidigung verdoppelt."

Déi Investitioune wiere virop néideg, well Russland eng Menace fir Europa duerstelle géing, zum Beispill duerch CyberattackenSabotage, Spionage a geziilt Desinformatioun.
Den Donald Trump huet sech dann och ganz zefridde gewisen. Dat kéint awer och dorunner leien, datt en eegenen Aussoen no zimmlech vill gefléift krut.

"Si fannen d'Aarbecht, déi ech maachen, gutt. Si hu gesot, si hätte mech gär. Dat sinn erwuesse Leit, déi dat soen, ass dat net léif? Vläicht probéiere si esou een Zougank zu mir ze kréien an op eng Aart a Weis krute se deen, well et war eng enorm Unitéit an deem Raum."

Hien hätt déi aner Länner opgefuerdert, alles ze maachen, fir sou séier wéi méiglech d'Zil ze erreechen, datt 5 Prozent vum PIB an d'Defense fléissen.

Ganz ouni Spannunge war de Sommet awer net, den Donald Trump huet d'NATO nämlech dofir kritiséiert, datt se d'USA net beim Krich géint den Iran ënnerstëtzt hätt an hien huet op en Neits gesot, datt déi Vereenegt Staate Grönland, dat jo zu Dänemark gehéiert, kontrolléiere sollten.

Lëtzebuerg war duerch de Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel an d'Defenseministesch Yuriko Backes zu Ankara vertrueden. An engem Communiqué vun der Regierung heescht et ënner anerem, de Grand-Duché hätt zesumme mat Kanada d'Kreatioun vun enger Bank vun der Defense, Sécherheet a Resilienz proposéiert. D'Zil vun esou enger Bank wier et, privat Kapital ze mobiliséieren, fir duerch eng méi staark Industrie déi gemeinsam Sécherheet ze fërderen. Nieft Kanada a Lëtzebuerg hätte sech nach siwe weider Länner dozou engagéiert, déi Initiativ ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO