
Schätzungen op Basis vun engem Hëtzt-Modell maachen déi extreem héich Temperature vun Enn Juni verantwortlech fir op d'mannst 5.100 hëtztbedéngte Stierffäll a Däitschland, wéi den RKI en Donneschdeg zu Berlin matgedeelt huet.
D'Auswierkunge vun der extreemer Hëtzt kéinte souguer nach méi grouss sinn. Wéi dat Statistescht Bundesamt scho matgedeelt hat, louchen d'Stierffäll an der Hëtzt-Woch vum 22. bis den 28. Juni héichgerechent eng 30 Prozent iwwert dem mëttlere Wäert vum Virjoer. An dëser Woch sinn an Däitschland deemno eng 23.700 Mënsche gestuerwen. Dat waren der Statistikagence no eng 6.800 méi wéi nach an den zwou Woche virdrun. Iwwerstierflechkeet bedeit, datt an engem bestëmmten Zäitraum méi Mënsche gestuerwe ginn, wéi normalerweis ze erwaarde gewiescht wier.
D'Temperaturen Enn Juni haten op ville Plazen ëm déi 40 Grad Celsius erreecht. Dat hat et an Däitschland an där Stäerkt bis ewell nach net ginn. An der Groussregioun ëm Paräis ass dës Zuel souguer ëm ronn 62 Prozent geklommen. D'Gesondheetsautoritéiten hu gesot et hätt an der Woch vum 22. Juni am Verglach zu der Woch virdrun op d'mannst eng "Hausse vun 29,1 Prozent ginn, wat 2.025 zousätzlechen Doudesfäll entsprécht". Leit iwwer 65 Joer hätten dee gréissten Undeel vun den doudegen ausgemaacht.
Fir Lëtzebuerg ginn et nach keng Donnéeën.