IndienMord un engem 11 Joer ale Meedche léist grouss Onrouen a Westbengalen aus

RTL Lëtzebuerg
De Mord an d'Vergewaltegung vun engem Kand am indesche Bundesstaat hunn zu grousser Roserei, heftege Protester a weideren Doudesaffer gefouert.
© PTI

D'Meedche war samschdes verschwonnen an d'Läich gouf e Sonndeg an engem Weier fonnt. D'Famill reprochéiert der Police, net séier genuch gehandelt ze hunn, obwuel si der Police alles direkt gemellt hat.

Véier Männer goufen am Zesummenhang mat der Dot festgeholl. Ee vun de Verdächtege koum méi spéit bei engem Asaz vun der Police ëm d'Liewen.

D'Police behaapt, hien hätt versicht fortzelafen an hätt eng Waff u sech gerappt. Oppositiounsparteien a Mënscherechtsorganisatioune stellen dës Versioun awer a Fro a kritiséieren d'Police fir hiert Virgoen.

Et koum och zu gewaltsame Protester. Gebaier a Geschäfter goufe beschiedegt an eng onschëlleg Persoun gouf vun de Leit ëmbruecht. D'Autoritéiten hunn eng Enquêtekommissioun agesat.

De Fall huet och eng politesch Dimensioun kritt. D'Oppositioun beschëllegt déi nei Regierung, net genuch fir d'Sécherheet vu Fraen a Kanner ze maachen.

Zousätzlech besteet d'Gefor, datt de Fall reliéis Spannunge verschäerft, well d'Affer Moslemin war an déi festgeholl Verdächteger Hindue sinn.

Back to Top
CIM LOGO