
Dat mellt d’Noriichtenagence AFP a berifft sech dobäi op eng intern Source. D’Europäesch Kommissioun huet d’Enquête confirméiert. Et geet konkreet ëm d’Vente vun 23 vun hire Gebaier un de belsche Staat aus dem Joer 2024. Et hätt ee komplett mam Parquet an de belschen Autoritéite kooperéiert an “alleguerten déi néideg Informatiounen an Assistencë geliwwert, fir eng verdéift an onofhängeg Enquête z’erméiglechen”, heescht et vun engem Spriecher vun der EU-Kommissioun.
D’Perquisitiounen an de Büroe sinn der AFP-Source no en Donneschdeg am Moien duerchgefouert ginn. Wéinst den Entwécklungen am Beräich vum Télétravail zanter der COVID-19-Pandemie hat d’EU-Kommissioun 2024 jo annoncéiert, bis 2030 eng 25% vu senger Bürosfläch wëlle lasszeginn. Mam belsche Staat gouf doropshin en Accord getraff, deen eng Vente vun 23 Gebaier an Héicht vu ronn 900 Milliounen Euro virgesinn hat. Wunnengen, Büroe fir Entreprisen a Commercë sollten hei raplënneren.