KolumbienPolice saiséiert 1,1 Tonne Marihuana

RTL Lëtzebuerg
A Kolumbien huet d'Police eng Quantitéit vun 1,1 Tonne Marihuana saiséiert.

Wéi d’Police matdeelt, wieren d’Drogen um Wee aus dem südwestlechen Departement Cauca an den Departement Narinõ gewiescht, wou se sollten an Ëmlaf bruecht ginn. Dräi Verdächteger goufe festgeholl, nieft der massiver Quantitéit u Marihuana goufen och dräi Gefierer, dorënner ee Motorrad saiséiert. De Chef vun der kolumbianescher Police William Zambrano huet vun engem wichtege Schlag géint d’Drogekriminalitéit geschwat. D’Operatioun hätt de Finanzement vun illegalen Aktivitéite verhënnert, déi déi kolumbianesch Gesellschaft negativ impaktéiert hätten. D’Autoritéite wéilten d’Landstroossen a Kolumbien weiderhi verstäerkt op Drogentrafic kontrolléieren.

Back to Top
CIM LOGO