
Den Internationale Wärungsfong, d’Weltbank an déi International Energie-Agence appelléieren, Export-Kontrolle vu Pëtrol a Gas sinn ze loossen. Dat kéint nämlech zum bis ewell gréisste Schock um globalen Energie-Marché féieren. Aktuell géife méi Länner bewosst Produiten zeréckhalen. Dat wier geféierlech, heescht et zum Optakt vun der Fréijoerskonferenz vun den 3 Organisatiounen zu Washington, bei där och de Lëtzebuerger Finanzminister Roth derbäi ass.
D’International Energie-Agence publizéiert um Dënschdeg hire Rapport iwwert de Pëtrolsmarché, an deem dëse Mount éischt Konsequenze vum Iran-Krich wäerten dra sinn. An den IWF stellt seng Prognos fir d’Entwécklung vun der globaler Konjunktur vir.