Sich geet weiderFielswand zu Biarritz an de Koup gefall, eng Taucherin dout, en zweete vermësst

RTL mat AFP
Nodeems eng Fielswand zu Biarritz a sech zesumme gefall ass, gëtt e 34 Joer alen Taucher vermësst, fir eng 33 Joer al Fra sollt all Hëllef ze spéit kommen.
Foto net weit vun der Plaz, wou d'Fielswand agestierzt ass.
Foto net wäit vun der Plaz, wou d'Fielswand agestierzt ass.
© PHILIPPE LOPEZ/AFP

Nodeems un der Küst vu Biarritz e Mëttwoch eng Fielswand agebrach ass, gëtt e 34 Joer alen Taucher, deen ënnert d'Steng geroden ass, vermësst. Fir eng 33 Joer al Fra, déi mat him tauche war, koum all Hëllef ze spéit.

D'Sich nom Mann soll en Donneschdeg nees opgeholl ginn. Rettungsekippen haten de Kierper vun der Fra nach e Mëttwoch den Owend fonnt.

Ronn 40 Pompjeeën, dorënner véier Taucher souwéi en Helikopter vun der Gendarmerie, waren am Asaz.

Ronn 2.000 Kubikmeter Steng solle vun der Fielswand ofgebrach sinn. Zougedroen huet sech dat Ganzt géint 20:20 Auer an der Géigend vum Liichttuerm no vum Zentrum vun der Küstestad.

Zeienaussoen no war d'Plage zu deem Zäitpunkt gutt besicht. Wéinst der Hëtztwell ware Mëttwoch Temperature vun iwwer 40 Grad zu Biarritz gemooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO