
An der Nuecht op e Mëttwoch sinn am Däitschland stonnelaang keng Zich gefuer. Wéinst engem technesche Feeler bei geplangten Entretiensaarbechte war den zentrale Funk-System ausgefall, housch et um Mëttwoch vun der DB. Nach an der Nuecht wier de Problem behuewe ginn, e Mëttwoch de Moie wieren d'Zich rëm bal alleguer normal gefuer. De Gidderverkéier hätt d'Auswierkungen allerdéngs nach ze spiere kritt.
No 90 Minutte war de Feeler fonnt, sou d'Deutsche Bahn weider. Duerch hire voll redundante System vum Zuch-Funk hätt dëse rëm kënnen eropgefuer ginn, sou datt no weideren 30 Minutte scho rëm déi éischt Zich hätte kënne fueren. Eleng wéinst der grousser Quantitéit un Energie, déi néideg ass, fir Zich ufueren ze loossen, hätt et dann awer nach eng Zäitche méi laang gedauert.
A ganz Däitschland souzen iwwerdeems Reesender am Chaos fest. D'Bunn huet mat Waasser a Kichelcher, grad esou wéi mat Bonge fir Taxien oder Hoteller reagéiert a gehollef, wou et goung. Den däitsche Verkéiersministère huet eng Opklärung am Detail gefrot, virun allem déi betriblech Ofleef. D'Bahn huet versprach, d'Ursaach minutiéis z'analyséieren a sécher ze stellen, dass esou eppes net méi wäert virkomme kënnen.