Lëtzebuerg verdéift Partnerschaft mat SpuenienFinanzplaz, gréngen Hydrogen a Space-Secteur am Fokus

Pierre Weimerskirch
Bei der Visitt a Spuenien stounge fir d'Ministere Bettel, Roth an Delles Wirtschaft a Finanzen am Mëttelpunkt, dat am Schiet vun der Iran-Kris an de geopolitesche Spannungen.
© RONAN LIETAR/AFP

Um Donneschdegowend war eng Pressekonferenz zu Madrid. De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel huet direkt kloer gemaach, datt d’Situatioun am Mëttleren Osten net ze ënnerschätzen ass.

Eng Escalade, déi méi Tensioune wäert bréngen”, huet hien a senger Interventioun betount. Gläichzäiteg huet hien drop higewisen, datt verschidde Länner an der Regioun hiren “Droit à la défense” ënnersträichen, e Signal, dat net onbedéngt fir eng séier Deseskalatioun schwätzt.

De Xavier Bettel iwwer d'Situatioun am Noen Osten
D’Länner, déi vum Iran ugegraff ginn, betounen ëmmer nees hiert d’Recht, sech ze verdeedegen, esou de Vizepremier an Ausseminister.

Fir Lëtzebuerg ass an dëser Situatioun virun allem wichteg, datt Europa zesummesteet. D’Stäerkt vun der Europäescher Unioun géif doranner leien, “dass mer do zu 27 zesummestinn.” D’Evenementer géifen nach eng Kéier weisen, wéi wichteg eng gemeinsam europäesch Linn an der Aussepolitik wier, esou de Xavier Bettel.

Am Kontext vun den Evakuatiounen an der Ënnerstëtzung vu Bierger am Ausland huet de Lëtzebuerger Ausseminister gesot: “(...), d’Regierung ass och keng Reesagence, mee d’Regierung kuckt ,wéi se hire Bierger kann hëllefen.

De Xavier Bettel iwwer d'Réckféierung vun de Lëtzebuerger
Den Ausseminister reagéiert op d’Kritik, déi et vu verschiddene Leit gëtt.

Energie: “Et weist nach eng Kéier, wéi ofhängeg mer sinn”

De Wirtschafts- a Energieminister Lex Delles huet an deem Kontext virun allem op d’Noutwendegkeet vun enger méi grousser europäescher Resilienz higewisen. Fir hien ass kloer, datt Europa seng Energieversuergung strategesch muss ofsécheren. “Wa mer wëllen als Europa méi resilient sinn, da musse mer et och fäerdegbréngen, den Hydrogen an erneierbar Energië weiderzedreiwen”, esou de Minister. Dofir kritt d’Zesummenaarbecht mat Spuenien an dësem Beräich och eng konkret Form. Um Donneschdeg gouf e Memorandum of Understanding am Beräich vum gréngen Hydrogen ënnerschriwwen.

Et geet ëm eng europäesch Infrastruktur, déi Produktioun an Transport vu gréngem Hydrogen iwwer Spuenien, Frankräich an Däitschland bis op Lëtzebuerg soll erméiglechen.

De Lex Delles iwwer d'Resilienz vun Europa
Aktuell gesäit een, datt d’Präisser klammen. Dofir muss een ëmdenken, esou de Wirtschaftsminister, deen iwwer déi zwee Memorandum of Understanding schwätzt

E weidere MoU gouf am Space-Beräich ënnerschriwwen. Do geet et drëm, d’Zesummenaarbecht tëscht Entreprisen, Fuerschungszentren an nationale Programmer ze stäerken. Et geet ënner anerem ëm Äert-Observatiounstechnologien an d’Verwäertung vu Satellittendonnéeën. Europäesch Kompetenze soll gestäerkt ginn an nei wirtschaftlech Dynamike geschafe ginn.

Finanzplaz Lëtzebuerg staark verbonne mat Spuenien

Spuenien ass e wichtege Partner fir Lëtzebuerg, an dat spigelt sech och am Finanzsecteur erëm, esou de Finanzminister Gilles Roth. Zu Lëtzebuerg si ronn 115 Banken aktiv, dorënner sechs grouss spuenesch Banken. A ronn 70 spuenesche Fonge leie méi wéi 30 Milliarden Euro.

De Gilles Roth iwwer d'Finanzplaz
De Finanzminister iwwert déi positiv Noriichte vun den Eegentemer vun internationale Banken.

“Mir haten d’Chance, dass mer och eng ganz Rei vun Eegentemer vu Banken an och CEOe vu Banke begéint hunn. An déi hunn eis eigentlech alleguerte ganz positiv Noriichte ginn, dass si hiert Europageschäft niewent hirem nationale Geschäft zu Lëtzebuerg weider wäerte verbreeden.“

Gläichzäiteg investéiere vill international Fongen a Spuenien, 72 Prozent vun deene Sue kommen aus Lëtzebuerg. Fir de Gilles Roth ass dat e kloert Zeeche vun enger funktionéierender Partnerschaft. Hien huet och drun erënnert, datt 25 Prozent vun der Lëtzebuerger Wirtschaftsleeschtung aus dem Finanz- a Bankesecteur kommen. Eng staark international Vernetzung ass deemno essenziell fir d’Land.

Back to Top
CIM LOGO