Um sechsten Dag vum Krich vun Israel an den USA géint Iran sinn op e Neits Staddeeler am Südoste vun Teheran ënner massivem Beschoss. Déi offiziell iranesch Presseagence Irna mellt mëttlerweil 1.230 Doudesaffer zanter dem Ufank vum arméierte Konflikt.
Wat opfält ass, dass kaum Attacke géint presuméiert Nuklear-Infrastrukturen duerchgefouert ginn – weder vun Israel, nach vun den USA – obwuel se als eigentlech Krichsursaach ugefouert goufen, mee et si Stied, déi viséiert sinn. D’USA stinn iwwerdeems a Kontakt mat iranesche kurdesche Milize fir an dräi Grenzprovënzen am Norde vum Iran déi iranesch Revolutiounsgarden z’attackéieren, ënner Drock ze setzen an e Liewensraum ze schafen, fir d’Oppositioun.
Den Zenario ass gewot, sou d’Kaja Kallas, d’EU-Aussebeoptraagt: “Wa mir mat Länner an der Regioun schwätzen, maache se sech Suergen ëm Zivilkricher bannent dem Iran.”
Ofgesi vun Iran ass och Libanon am Krich am Noen Osten destabiliséiert. Israel huet d’Awunner am Süde vu Beirut gewarnt a geroden, z’evakuéieren. Iwwerdeems bréngt den israeelesche Militär op der Grenz zu Libanon Panzeren a Positioun.
De rietsextreemisteschen israeelesche Minister Smotrich huet op Telegram ugekënnegt, dem Süde vu Beirut géif déi selwecht Zerstéierung bléien, wéi der Gazasträif.
Mat 53 zu 47 hunn d’Republikaner am Senat zu Washington d’Militärcampagne vum Donald Trump guttgeheescht. D’Demokraten haten d’Resolutioun abruecht, fir dem Kongress d’Responsabilitéit zeréckzeginn, e Krich ze deklaréieren, sou wéi d’Verfassung et virgesäit, a net dem President.
Den Chuck Schumer, Spriecher vun den Demokraten am Senat:“Firwat ass den Donald Trump des Däiwels drop, dass d’Geschicht sech widderhëlt? Firwat stierzt en d’USA an e Krich, dee keen Amerikaner wëllt an deen hie selwer emol net kann explizéieren?”
Och wa Westeuropa net vu Bensinn aus de Golfstaaten ofhänkt an d’Reserven domat net a Gefor sinn, klëmmt duerch d’Kris de Präis um Weltmaart. Wie virun allem dovu profitéiert, ass Russland, dat d’Keess fir de Krich géint d’Ukrain domat besser gefëllt kritt.