Krich am Noen OstenSelenskyj seet: Washington huet Ënnerstëtzung géint iranesch "Shahed"-Dronen ugefrot

AFP, iwwersat vun RTL
Wärend den Trump de Selenskyj wéinst de Friddensverhandlunge mat Russland kritiséiert, gouf et der Ukrain no eng Ufro vu Washington, fir Hëllef am Kampf géint déi iranesch Dronen.
Loftugrëff vum Iran op Israel.
Loftugrëff vum Iran op Israel.
© WISAM HASHLAMOUN/Anadolu via AFP

D’USA hunn d’Ukrain ëm Hëllef gefrot, fir sech am Noen Osten besser géint iranesch Dronenattacken ze schützen. Dat huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj en Donneschdeg op X confirméiert. Hien hätt d’Uweisung ginn, déi néideg Expertise bereetzestellen.

Ukrainesch Dronenofwier als neie Schlëssel fir d’Loftverdeedegung

Zanter dem russeschen Ugrëff viru véier Joer huet Kiew eng Rei vu gënschtegen, mä héich effizienten Drone-Ofwiersystemer entwéckelt. Dës Fluchgeräter si speziell dofir geduecht, feindlecher Attackdronen an der Loft ze treffen. D’Ukrain behaapt, datt hir Technologie weltwäit déi bescht ass.

Schonn e Méindeg hat de Selenskyj de Partner vun den USA am Mëttleren Osten ugebueden, Rakéite fir d’Loftverdeedegung auszetauschen: Si kéinten hir Rakéiten un d’Ukrain ginn, an am Géigenzuch géif Kiew hinnen déi Fluchgeräter zur Verfügung stellen, déi géint iranesch Drone méi effektiv wieren.

“Mir hunn eng offiziell Ufro vun den USA kritt”

Op X huet de Selenskyj elo confirméiert, datt Washington konkret Ënnerstëtzung gefrot huet. Et geet ëm Schutz géint déi iranesch entwéckelt “Shahed"-Dronen, déi och vu Russland géint d’Ukrain agesat ginn. D’Ukrain gëtt bal all Dag mat esou Dronen attackéiert, déi op Wunngebidder an op zivil Infrastrukturen, dorënner Energieanlagen, ofgeschoss ginn.

“Ech hunn d’Instruktioune ginn, déi néideg Mëttel bereetzestellen an d’Präsenz vun ukrainesche Spezialisten ze garantéieren, déi fir déi erfuerdert Sécherheet suerge kënnen”, sot de Selenskyj.

Trump reprochéiert Selenskyj eng Blockade

Trotz der Ufro aus Washington huet den US-President Donald Trump e Donneschdeg dem Selenskyj virgeworf, seng Efforte fir e Friddensaccord an der Ukrain ze blockéieren. Hien huet domat un déi schwiereg Atmosphär bei hirem Treffen am Wäissen Haus virun engem Joer ugeschloss.

“De Selenskyj muss sech beweegen an en Accord fäerdeg bréngen”, sot Trump an engem Interview mat Politico. Et wier “onvirstellbar”, datt hie selwer dem Fridden am Wee géif stoen. “Du hues d’Kaarte net. Elo huet hien nach manner Kaarten.”

Den Donald Trump hat jo am Walkampf annoncéiert, datt hien de Krich an der Ukrain op sengem éischte Schaffdag am Oval Office géif op en Enn bréngen. Méi spéit huet hie missten zouginn, datt dëst Zil wuel ganz schwéier z’erreeche wier.

Back to Top
CIM LOGO