

E Sonndeg ëm 8 Auer sinn d’Wallokaler a Frankräich opgaangen. Ronn 48,7 Milliounen ageschriwwe Wieler sinn opgeruff, e Sonndeg bei der Stéchwal tëscht dem amtéierende liberale President Emmanuel Macron an senger Erausfuerderen, der rietsnationaler Marine Le Pen, ze decidéieren.
Virun zwou Wochen haten de Marcon an d’Le Pen an enger éischter Ronn vun de Présidententiellen déi aner Kandidaten am Rennen ëm déi franséisch Presidence ausgestrach. Ëmfroen no huet de Macron gutt Chancen, mat 55 bis 56,5 Prozent zeréck an d’Amt gewielt ze ginn.
E Rietsrock zu Paräis ass awer net ausgeschloss. Scho virun 5 Joer stounge sech d’Le Pen an de Macron géintiwwer. Deemools konnt sech de 44-Joer ale Macron mat 66 Prozent kloer géint d‘Rietspopulistin duerchsetzen. E Sonndeg gëtt awer mat engem däitlech méi knappen Resultat gerechent. Déi zwee Kandidate wäerte virun allem d’Wieler vum drëttplacéierte lénke Politiker Jean-Luc Mélenchon op hir Säit zéie mussen, fir d’Wal fir sech ze decidéieren.
An de franséischen Territoires d’outre-mer gouf scho gewielt an do ginn et éischt Resultater, déi komplett anescht sinn, wéi viru 5 Joer. D’Martinique, d’Guadeloupe an d’Guyane hu fir d’Rietsextremistin Marine Le Pen gestëmmt. Viru 5 Joer hat nach den Emmanuel Macron iwwerall largement d’Majoritéit kritt, dës Kéier kritt d’Marine Le Pen, déi meeschte Stëmmen, tëschent 61 a 70 Prozent.
Frankräich wielt seng Presidenten ëmmer op fënnef Joer. Bis 19 Auer sinn d’Wallokaler op, op verschiddene Plazen awer och bis 20 Auer. Duerno lafen dann déi éischt Resultater eran.
Den RTL-Journalist Pierre Jans ass zu Parais op der Plaz. E Sonndeg de Moie stoung hie virun engem vun den 880 Walbüroen an der franséischer Haaptstad, dat am bësse méi schicke Quartier Neuilly-Sur-Seine. Net wäit fort sinn déi grouss Studioe vun de franséische Kolleege vun RTL.
Schonn e Sonndeg hat hie sech e bësse bei Awunner a Geschäftsleit ëmhéieren. Zu Neuilly-Sur-Seine gëtt net iwwerraschend haaptsächlech den Emmanuel Macron gewielt. D‘Leit attestéieren him e klore Kapp a schwierege Situatiounen an am leschte Quinquennat huet hien d‘Kafkraaft vun de Fransouse gestäerkt.
Bei aussepoliteschen Themen, wéi virop dem Ukrain-Krich huet d’Marine Le Pen sech net gutt presentéiert. Ëmmerhin ass si duerch e Prêt bei enger russescher Bank virbelaascht.
Dofir huet si sech op de Revenu vun de Fransouse konzentréiert. An dat huet vill Leit ugeschwat. Och wann eng Presidentin net einfach de Revenu héije kann - mä dat kléngt gutt.
An da wëll de Macron de Pensiounsalter vun 62 op 65 eropschrauwen. Dat kënnt bei de schaffende Leit net gutt un.
Och bei de Froen, wéi een d’Pandemie hätt misse geréieren a wéi een de gréisste Challenge, nämlech de Klimawandel ugeet, leien déi zwee Kandidate wäit auserneen.
A wat nach anescht ass ewéi 2017 ass, dass den Emmanuel Macron lo net méi een neie Kandidat vum Renouveau ass. Nee, hien huet e Bilan ze droen.
Am Verglach mat de Sondagë vu virun zwou Wochen: do war et graff gesot bal fifty-fifty mat engem klenge Virsprong fir de Macron. Déi lescht Sondagen hunn den aktuelle President jo mat 10 Prozentpunkte virum Le Pen gesinn. 55 zu 45 Prozent.
Mä am Verglach mam Walresultat vum zweeten Tour viru fënnef Joer ass dat eng däreg Saach. Deemools war de Macron mat 66 Prozent vun de Stëmmen an den Eysée agezunn. Spannend gëtt och, wéi vill vun den 48 Milliounen ageschriwwene Wielerinnen a Wieler e Sonndeg hir Stëmm ofginn. Den Taux vun de Leit déi net wielen oder en ongëltege Walziedel ageheien, kéint dëst Joer Rekordniveau erreechen.
Bei der Abstentioun war et 2017 am zweeten Tour vun de Presidentielle schonn den zweethéchste Prozentsaz an de leschte 70 Joer: 25,4 Prozent. Dëst Joer waren et beim éischten Tour scho 26 Prozent. Dat kann also nach an d‘Luucht goen.
Bis zur Mëttesstonn e Sonndeg louch d’Participatioun bei 26,4 Prozent. Dat ass eng Hausse vu bal engem Prozentpunkt par rapport zum éischten Tour ëm déi Zäit. D’Participatioun ass awer manner héich ewéi beim zweete Vott 2017. Deemools haten 28,2 Prozent sech bis d’Mëttesstonn en e Walbüro deplacéiert.
Fir vill Leit si weder de Macron nach d‘Le Pen déi Richteg, fir Frankräich ze geréieren. Dëst hunn och schonn d’Blockagen vun den Unien nodeems kloer war, dass d’Stéchwal nees Macron-Le Pen heescht. 22 Prozent vun de Wieler haten effektiv dem Kandidat vun der Gauche Jean-Luc Mélenchon hir Stëmm ginn. Déi sinn natierlech elo an der Situatioun, wou se aus hirer Siicht just de schlechte Choix maachen.
Impressionant ass awer e Sonndeg, wéi e Blat dat der Gauche no steet, den Emmanuel Macron ënnerstëtzt. Wann ee sou wëll als moindre mal – déi besser vun zwou schlechten Optiounen. D’Libération titelt: Contre l’extrème droite.. votons. Also fir d’éischt emol den Opruff, iwwerhaapt wielen ze goen. An op der Une gesäit een dann awer e Walziedel op deem Macron drop steet.
D’Zeitung ass domat méi konkret ewéi de Mélenchon selwer. Hien hat seng Wielerschaft dozou opgeruff dem Marine Le Pen keng eenzeg Stëmm ze ginn. Hie sot awer net, fir de Macron ze wielen.
Eis RTL-Equipp op der Plaz mellt sech den Owend op Tëlee a Radio live aus dem Quartier général vum Macron senger Partei En Marche. D‘Evenement ass um Fouss vum Eiffeltuerm.
Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet.