Mainz (D)Geldstrofe fir 50 Poliziste wéinst illegaler Corona-Party gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
Virun 3 Méint haten eng 50 Beamten an enger Wiertschaft gefeiert an dobäi géint d'Corona-Reegele verstouss.

Si hate keng Mask un an d’Ofstandsreegele goufen net respektéiert. Donieft haten d’Poliziste méi laang am Café gefeiert wéi erlaabt. Kolleege vun der Police haten d’Beamten e puer Mol gewarnt an opgefuerdert, d’Party opzeléisen. Dëst huet si awer net dru gehënnert, weider bis déif an d’Nuecht eran ze feieren.

Eréischt wéi 4 Reklamatioune via Telefon erakoumen, gouf d’Feier opgeléist. De Wiert huet sech Medieberichter no selwer bei der Police gemellt. D’Suen, déi no 22 Auer erakoumen, wollt hie spenden.

Elo gouf e Verfare géint déi concernéiert Persounen ageleet. Et ka mat klenge Verwarnungsgelder a Geldstrofen am dräistellege Beräich gerechent ginn, sou de Spriecher vun der Stad Mainz, Ralf Peterhanwahr.

Grond fir d’Party war engersäits d’Promotioun vun engem vun de Polizisten an anerersäits d’Begriefnis vun engem Kolleeg, deen onerwaart verscheet ass.

Back to Top
CIM LOGO