
Demokratesch Schlofpëll oder wichtege politeschen Test? D’Gemengewalen a Groussbritannien léise bei de Britte wéineg Euphorie aus. An awer kéinten d’Wale vun en Donneschdeg zu engem eeschten Test fir d’brittesch Politik ginn.
An England, Wales a Schottland sinn d’Wielerinnen a Wieler en Donneschdeg opgeruff, a ville Regiounen nei Gemengerepresentanten ze wielen. Donieft wielt Nordirland en neit Parlament.
Traditionell suergen d’Gemengewale fir wéineg Enthusiasmus bei de meeschte Britten. Sou gouf et bei de leschte Gemengewalen an England eng Participatioun vun nëmme knapps 35 Prozent.
An awer lafen dës Gemengewalen dach an engem méi spezielle Kontext of. D’brittesch Ekonomie huet mat de Suitte vun der Pandemie ze kämpfen. Donieft maachen och déi héich Präisser fir Energie a Liewensmëttel ville Britte Suergen:
“The cost of living … where a poor family has to decide whether they heat their home or they buy food to feed themselves. Where are we? What year are we living in?”
Op politeschem Niveau ass de sougenannten “Partygate” an dat allgemengt Mësstrauen an d’Politik och nach ëmmer en Thema:
“I mean I think that a lot of the backlash that is expected against the government will be because of the corruption and the sleaze and the partygate and everything else.”
“People feel alienated because we suffer in this country from overcentralization and big government and people feel alienated and people don’t feel their voices and their decisions matter.”
Am Walkampf konzentréieren sech déi zwou gréisste brittesche Parteien op liicht verschidden Themen. Déi konservativ Partei vum Premier Boris Johnson konzentréiert sech haaptsächlech op e Message vun niddrege Gemengesteieren a qualitativ héichwäertege lokale Servicer. D’Labour-Partei vum Oppositiounsleader Keir Starmer konzentréiert sech vill op d’Präisdeierecht an d’Kriminalitéit. Donieft hofft Labour, dass dës Walen zu engem Referendum iwwert dem Boris Johnson seng politesch Autoritéit nom Partygate kéinte ginn.
Nationale Medien no kéinten d’Resultater vun de Walen e gespléckt Groussbritannien weisen. Sou kéinten déi Konservativ hir Dominanz am ländleche Raum fortsetzen. D’Labour-Partei dogéint kéint a ville Stied dominéieren.
D’Walbüroe sinn nach bis en Donneschdeg den Owend 11 Auer eiser Zäit op.