Libaneesesch Regierung deelt matGespréicher mat Israel zu Washington D.C. nächst Woch

AFP, iwwersat vun RTL
D'Gespréicher wäerten am US-Ausseministère stattfannen. Et soll virop ëm e Waffestëllstand am Konflikt tëscht Israel an der Hisbollah goen.
De libaneesesche Premierminister Nawaf Salam (r.) nieft dem UN-Generalsekretär Antonio Guterres (l.)
De libaneesesche Premierminister Nawaf Salam (r.) nieft dem UN-Generalsekretär Antonio Guterres (l.)
© DANI ASSI/AFP

D’libaneesesch Regierung huet e Freidegowend annoncéiert, dass een d’nächst Woch en Dënschdeg an der amerikanescher Haaptstad Washington D.C. Gespréicher mat israeelesche Vertrieder wäert féieren. Dobäi soll et ëm e Waffestëllstand am Krich tëscht Israel an der Hisbollah an ëm eng méiglech Opnam vu weidere Verhandlungen tëscht béide Länner goen.

Wéi et vun der libaneesescher Regierung heescht, wier et e Freideg zu enger Telefonskonferenz tëscht dem eegenen Ambassadeur an den USA, dësem sengen israeeleschen Homolog an dem amerikaneschen Ambassadeur am Libanon komm. An dësem Gespréich wier festgehale ginn, dass béid Krichsparteien d’nächsten Dënschdeg ënner Vermëttlung vun den USA zu Washington D.C. am amerikaneschen Ausseministère wäerte matenee verhandelen.

Back to Top
CIM LOGO