Poopst Leo XIV.Grouss Mass um zweeten Dag vu Visitt zu Paräis geplangt

AFP, iwwersat vun RTL
600.000 Leit gi sech e Samschdeg fir eng grouss Mass vum Poopst Leo XIV. ronderëm d'Place de la Concorde an d'Champs-Elysées zu Paräis erwaart.
This photograph shows the Avenue des Champs-Élysées and the Place de la Concorde (background) prepared for Pope Leo XIV's solemn outdoor mass, in Paris on September 25, 2026, during Pope's four days visit to France.
D'Champs-Elysées mat um Enn dem Altor.
© AFP

Um zweeten Dag vu senger Frankräich-Visitt vum Poopst Leo XIV. e Samschdeg ass fir 15 Auer eng grouss Mass op der Place de la Concorde zu Paräis geplangt. Erwaart gi 600.000 Participanten, déi sech vun der Place de la Concorde iwwer déi ganz Champs-Elysées bis bei den Arc de Triomphe verdeele wäerten. Do wou den Altor ënnert engem Zelt opgebaut ass, hëlt de franséische President d'Militärparad op Nationalfeierdag of.

Um Virmëtteg besicht de Poopst fir d'éischt eng kathoulesch Struktur fir Migranten zu Paräis. Do soll hie mat engem jonken afghanesche Flüchtling schwätzen. Donieft ass eng Begéinung mat jonken Erwuessenen am Institut Catholique geplangt, déi sech viru Kuerzem deefe gelooss hunn oder sech op d'Daf preparéieren. D'Hausse un Dafe bei Erwuessenen a Frankräich ass ee vun de Grënn fir d'Visitt vum Poopst.

Back to Top
CIM LOGO