Arrivée um 10 Auer zu ParäisÉischt Visitte vum Poopst wäerten am Elysée a bei der Unesco sinn

AFP, iwwersat vun RTL
Véier Deeg laang wäert de Poopst Leo XIV. a Frankräich op Visitt sinn. E Freideg de Moie kënnt hien zu Paräis un.
This photograph taken in Paris on September 21, 2026 shows a banner reading "The Saint-Sulpice parish welcomes Pope Leo XIV" at the entrance of Saint-Sulpice church, four days ahead of the pontiff's apostolic visit to Paris. (Photo by Simon WOHLFAHRT / AFP)
Annonce vun der Poopst-Visitt zu Paräis den 21. September 2026.
© AFP

De Poopst kënnt e Freideg fir eng Staatsvisitt vu véier Deeg a Frankräich. Um 10 Auer lant de Pontifex zu Paräis.

Um 11 Auer gëtt hien da vum President Macron am Elysée empfaangen a wëll och eng Ried bei der Unesco halen. Erwaart gëtt, datt de Poopst mat Bléck op d'Haltung vu sengem Heemechtsland USA d'Bedeitung vun der multilateraler Kooperatioun betoune wäert.

Am Nomëtteg ass eng Vesper an der Kathedral Notre-Dame. Eng Visitt vun der Kathedral zesumme mam Macron, dee sech nom Brand vun 2019 fir e séiert Restauréieren agesat hat, hat de Vatikan refuséiert. Owes ass dann nach eng Véillée, e Gebietstreffen, mat 80.000 jonke Mënschen am Stade de France.

De Poopst Leo ass och e Samschdeg nach zu Paräis, wou mëttes eng grouss Mass ënner fräiem Himmel ass op der Place de la Concorde an de Champs Elysées, éier et dann op Lourdes geet an e Méindeg op Metz.

Back to Top
CIM LOGO