
Groussbritannien hätt wärend ronn engem Mount, dräi russesch U-Booter bei enger geheimer Operatioun am Atlantik nërdlech vu Groussbritannien beobacht. Wéi de brittesche Verdeedegungsminister John Healey en Donneschdeg virun der Press sot, wieren d’russesch Schëffer an der Géigend vu wichtegen Ënnerwaasser-Kabelen a Pipelinen ënnerwee gewiescht.
Wéi et vum John Healey heescht, wier Groussbritannien bei der Beobachtungsmissioun vun Norwegen a vu weideren Alliéierten ënnerstëtzt ginn. Wéi eng Alliéiert dat genee waren, huet hien net gesot.
“Ech hunn eis arméiert Kräfte rausgeschéckt, fir dës Booter ze beobachten a si vu schiedlechen Aktivitéiten ofzehalen”, sou de brittesche Verdeedegungsminister. Déi brittesch Kräften hätte bei de russeschen U-Booter keen Zweifel opkomme gelooss, dass hir Beweegungen net esou geheim gewiescht wieren, wéi de russesche President Putin dat geplangt gehat hätt. Déi russesch Schëffer hätten dann och kee Schued un de Kabelen oder der Pipeline ugeriicht.
Wéi et weider vum brittesche Verdeedegungsminister heescht, wiere souwuel brittesch Krichsschëffer wéi och Militärfligeren un der Beobachtungsmissioun bedeelegt gewiescht. D’Schëffer hätten dann och Sonar-Boyen an d’Waasser gelooss, fir de russeschen U-Booter ze weisen, dass si entdeckt gi wieren. Et war dann och d’Warnung, dass all Versuch, d’Kabelen an d’Pipelinen ze beschiedegen, Konsequenze géifen no sech zéien.