D’Aktioun huet als Zil, humanitär Hëllef ze liwweren. Dausende Participanten aus verschiddene Länner wëlle sech vun Europa aus a Richtung Mëttelmier op de Wee maachen. Nieft engem symbolesche Charakter geet et virun allem drëm, op d’Situatioun vun der palästinensescher Bevëlkerung opmierksam ze maachen, esou de Patrick Bosch, Spriecher vun der Lëtzebuerger Delegatioun “Der UN no missten all Dag 1.600 Camione mat Hëllefsgidder duerch d’Grenze gelooss ginn. Am Friddensaccord waren 200 virgesinn – a Realitéit kënnt just e Brochdeel un.”
D’Participanten hoffen, mat hirer Aktioun net nëmme konkret Hëllef ze bréngen, mee och Drock op d’international Communautéit ze bewierken.
Fënnef Aktivisten aus Lëtzebuerg huelen un der Flott deel. Et ass net déi éischte Kéier, datt esou eng Aktioun organiséiert gëtt. Beim leschte Versuch konnt d’Blockad um Mier net duerchbrach ginn. Eng Lëtzebuerger Participante gouf deemools souguer vun israeeleschen Autoritéite festgeholl. “Mir ware 46 Booter. Déi goufe scho wäit virun der Küst gestoppt. Mee dës Kéier hu mir vill méi Booter. D’Chance fir duerchzekommen, ass also méi grouss”, erkläert de Patrick Bosch.
Fir d’Organisateuren ass awer net nëmmen den Duerchbroch vun der Blockas entscheedend, mee och d’Opmierksamkeet, déi d’Aktioun generéiert.
Obwuel et offiziell eng Wafferou gëtt, bleift d’Situatioun a Gaza extrem ugespaant. Bal all Dag kënnt et nach zu Attacken. Eréischt viru Kuerzem si bei engem Loftugrëff op e Gebai bei enger Schoul op d’mannst zéng Mënschen ëm d’Liewe komm.
Zanter der Waffenrou am Oktober goufen iwwer 700 Palästinenser bei Attacken ëmbruecht. D’Waffnrou gëtt domat ëmmer nees a Fro gestallt.
D’Konsequenze vum Konflikt si massiv: grouss Deeler vun der Gazasträif leien a Ruinen, de Gesondheetssystem ass iwwerlaascht an et feelt u Liewensmëttel a Medikamenter.
Vill Leit liewen nach ëmmer an provisoresche Lagere mat limitéiertem Zougang zu Waasser a medezinescher Versuergung.“Stand haut funktionéiert just nach ee vun dräi Grenziwwergäng. Mir gesinn och, datt manner Camionen a Gaza erakommen, wärend d’Präisser staark klammen”, erkläert de Willy Niyeko, en Urgence-Koordinator, dee fir de World Food Programme op der Plaz ass.
An dësem Kontext versteet sech '’Flottilla net nëmmen als humanitär Missioun, mee och als politescht Signal. Ob d’Schëffer tatsächlech bis bei d’Gazasträif kommen, bleift awer ofzewaarden.