
Zu Taradeau am franséischen Departement Var hunn d'Pompjeeën e Sonndeg den Owend weider géint schwéier Bëschbränn gekämpft, d'Flame sinn dobäi duerch Wandstéiss ugedriwwe ginn an hu sech Richtung Les Arcs-sur-Argens ausgebreet. Iwwer 600 Pompjeeën hu géint de Brand gekämpft, dee schonn e puer Haiser zerstéiert huet.
A béide Gemengen hu missen 150 Awunner a Sécherheet bruecht ginn. Bis spéit owes war d'Feier nach ëmmer net ënner Kontroll.
Och op der Insel Korsika gëtt nach géint zwee gréisser Bëschbränn gekämpft, déi viru ronn enger Woch duerch Blëtzschléi ausgeléist goufen. Besonnesch bei Albertacce huet d'Feier sech weider ausgebreet an iwwer 320 Hektar Landschaft zerstéiert.
D'Bekämpfe vum Brand ass wéinst de ville Bierger an der Géigend schwéier. Eng 160 Pompjeeën, ënnerstëtzt vu Fligeren an engem Helikopter, waren op der Plaz am Asaz.
Frankräich ass zanter Ufank vum Joer scho mat der drëtter Hëtztwell konfrontéiert. Nieft de Bränn am Süde goufen och aner Regiounen net verschount: Am Bësch vu Fontainebleau südlech vu Paräis goufen zirka 2.000 Hektar vum Feier zerstéiert.
Ma net nëmmen a Frankräich, mee och a Portugal, Spuenien an a Griicheland goufen an de leschten Deeg Bëschbränn gemellt. Fuerscher warnen, datt duerch de mënschegemaachte Klimawandel d'Hëtzt- an Dréchent-Perioden ëmmer méi dacks a méi laang ginn – wat d'Gefor vu Bëschbränn nach verstäerkt.