
A Grönland sinn e Freideg e puer honnert Mënsche géint d'Erëffnung vun engem neien a méi groussen US-Konsulat an der Haaptstad Nuuk op d'Strooss gaangen. D'Demonstranten hunn ënner anerem "Go Home, USA!" oder och "Make America Go Away" geruff an dobäi Fändele vu Grönland an d'Luucht gehalen.
Kuerz virdrun hat den US-Embassadeur an Dänemark Kenneth Howery dat neit Gebai vum Konsulat ageweit. Engem Mediebericht no soll den Howery dobäi betount hunn, datt den US-President Donald Trump militäresch Forcë fir d'Kontroll vun der Insel ausschléisse géif. Grönland gehéiert vëlkerrechtlech zu Dänemark, huet awer fir de gréissten Deel Autonomierechter. De Premier vu Grönland Jens-Frederik Nielsen hat eng Invitatioun fir d'Erëffnung ofgeleent.
Zanter dem Retour an d'Wäisst Haus am Januar 2025 huet den Trump ëmmer nees Besëtzusprëch vun der grousser Insel betount an domat Reiwereie mat den EU- an Nato-Alliéierten provozéiert. Hie begrënnt seng Fuerderung mat Sécherheetsbedierfnësser vun den USA an argumentéiert, datt ee Grönland viru Russland a China beschütze wéilt.
Ufanks dëser Woch hat den US-Emissär fir Grönland Jeff Landry d'Insel ouni Invitatioun besicht. "Grönland brauch d'USA", sot de Landry fir den Ofschloss vu senger Visitt e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP. Dobäi huet hien op en Neits op d'Pläng vun der US-Regierung verwisen, "bestëmmt Stëtzpunkten" nees ze besetzen.
En Defenseofkommes, dat 1951 tëscht Grönland an den USA beschloss an 2004 aktualiséiert gouf, gëtt Washington méi oder manner fräie Choix beim Deplacéiere vun Zaldoten op der Arktisinsel. Dat awer just, soulaang d'Autoritéiten an Dänemark a Grönland doriwwer informéiert ginn. Wärend dem Kale Krich haten d'USA méi wéi 17 Militärbasen a Grönland. Dës goufe mat de Joer awer bal all zougemaach. Iwwreg bliwwen ass just nach d'Basis Pituffik am Norde vun der Insel.