EU-Kommissioun fuerdert ErklärungenHuet Ungarn sech mat Russland iwwert en EU-Bäitrëtt vun der Ukrain ofgeschwat?

RTL Lëtzebuerg
Schonn den 12. Abrëll sinn an Ungarn jo Parlamentswalen, do virdrun erwaart sech Bréissel Explikatiounen.
© Alex HALADA / AFP

Ungarn muss sech dréngend zu de presuméierten Ofsprooche mat Russland iwwer en EU-Bäitrëtt vun der Ukrain äusseren, fuerdert d’EU-Kommissioun, dat e puer Deeg virun de Parlamentswalen an Ungarn den 12. Abrëll. Verschidde Medien hate virun zwou Woche gemellt, dass den ungaresche Ausseminister, Peter Szijjarto, sengem russeschen Homolog Sergej Lawrow Informatiounen aus Gespréicher vu Bréissel weiderginn hätt.

E Mëttwoch si weider Detailer bekannt ginn. Konkret geet et ëm en Telefonat tëschent deenen zwee wärend engem EU-Sommet am Dezember 2023. Do hätt sech de Lawrow beim Szijjarto iwwer d’Verhandlungen iwwer den EU-Bäitrëtt vun der Ukrain renseignéiert. Den ungaresche prorussesche Regierungschef Victor Orban hat deemools säi Veto ageluecht.

Back to Top
CIM LOGO