
De Chef vun der iranescher Agence fir Atomenergie huet en Donneschdeg annoncéiert, dass Teheran all Zort vu Restriktioun hisiichtlech senger Uräicherung vun Uran géif ausschléissen. Enger deementspriechender Demande vun den USA an Israel géing een deemno net nokommen.
“D’Aussoen an d’Wënsch vun eise Feinden, fir den iraneschen Uräicherungsprogramm anzeschränken, sinn näischt anescht ewéi Wënsch, déi wäerte begruewe ginn.”, gëtt de Mohammad Eslami vun der iranescher Norichtenagence ISNA zitéiert.
Dem Eslami seng Remarke komme kuerz, éier den Iran an d’USA a Pakistan ënner pakistanescher Mediatioun solle mateneen iwwer eng weider Wafferou verhandelen. Iwwerdeems belaaschten déi rezent israeelesch Attacken op de Libanon déi aktuell Wafferou vun zwou Wochen tëscht Washington an Teheran. Wéi et vum iranesche President Massud Peseschkian an engem Post op X heescht, wieren dës Attacken e Verstouss géint d’Wafferou, deen d’Verhandlunge géif sënnlos maachen. Den Iran hätt seng Fanger um Ofzuch a géif seng libaneesesch Bridder a Schwësteren ni am Stach loossen.
Kritik un den israeeleschen Attacke kënnt iwwerdeems och vun der EU-Aussebeoptragter Kaja Kallas. Dës géifen, de Waffestëllstand tëscht den USA an Israel staark belaaschten, sou d’Kallas op X. Déi aktuell Wafferou sollt esou erweidert ginn, dass se och de Libanon mat abezitt. Déi nämmlecht Fuerderung gouf och scho vum franséische President Macron geäussert.