Krich am IranIran wëll keng Inspektere vun der IAEA op bombardéiert Sitte loossen

RTL mat AFP
D'Aussoe vun den Iraner an dem US-Vizepresident Vance leien an dësem Dossier wäit auserneen.
© -/AFP

Den Iran huet keng Intentiounen, fir d'Inspektere vun der Internationaler Atomenergieagence IAEA an d'Land ze loossen, fir déi Sitten ze iwwerpréiwen, déi vun Israel an den USA bombardéiert goufen.

"Mir hate keng Reunioun mam Generaldirekter vun der Agence a mir plangen och net, fir eng Inspektioun duerch IAEA op eisen Nuklearinstallatiounen, déi duerch d'Aggressioune vun den Amerikaner an den Zioniste beschiedegt goufen, zouzeloossen", esou e Spriecher vum iraneschen Ausseministère op enger Pressekonferenz.

Den US-Ausseminister JD Vance hat e Méindeg gesot, datt d'Iraner bei de Gespréicher an der Schwäiz zougesot hunn, fir Inspektiounen zouzeloossen. Hien hat dëst als "grouss Etapp" bezeechent.

Back to Top
CIM LOGO