
Wéinst extrem héijen Temperaturen huet den italieenesche Gesondheetsministère fir 15 Stied, dorënner Roum a Mailand den héchsten Alarmniveau fir d'Hëtzt ausgeruff. Vun e Mëttwoch u gëllt de Level "Rout" dann och nach fir eng 16. Stad, esou de Ministère en Dënschdeg. Zu dësem Warnniveau gehéieren d'Empfeelungen, datt d'Leit sech sollen wärend de waarme Stonnen am Dag dobannen ophalen, vill dréngen a just liicht Moolzechte zou sech huelen.
Aktuell gëtt et jo a villen Deeler an Europa an Hëtztwell mat Temperaturen ëm déi 40 Grad. A Frankräich gëllt zanter e Méindeg fir iwwer d'Hallschent vum Land de Warnniveau Rout an och fir England goufen Hëtztwarnungen ausgeruff. Zu Lëtzebuerg ass mam Level 3 den zweethéchsten Niveau ausgeruff ginn. Och d'Belsch, Holland an Däitschland leiden aktuell ënnert den héijen Temperaturen.
Et ass an Europa schonn déi zweet Hëtztwell bannent engem Mount. Wëssenschaftler warnen, datt Hëtztwellen an Europa wéinst dem Klimawandel méi dacks optriede kënnen.