
Zu Carpentras a Frankräich sinn e Méindeg zwee Kanner am Alter vun zwee a véier Joer dout am Auto vun hiren Eltere fonnt ginn. De Won stoung deen Ament op engem Parking am Haff vum Elterenhaus vun de Kanner an engem Wunnquartier.
Wéi d'Pompjeeë vu Vaucluse géigeniwwer der Noriichtenagence AFP soten, wier géint 13:20 Auer en Noutruff agaangen. Kuerz drop wieren zwee Kanner fonnt ginn, bei deenen en Häerzstëllstand festgestallt gouf.
Déi genee Doudesursaach ass nach net offiziell gekläert, ma en Zesummenhang mat der Hëtzt géing sech opdrängen, sou déi zoustänneg Procureure.D'Mamm vun de Kanner wier vun de Secouristen en charge geholl ginn. Si wier awer nach net gehéiert ginn.