
De Message gouf wéi gewinnt iwwer d’Staatsmedie verbreet.
De Khamenei huet betount, datt den Iran Kompensatioun fir all Verloschter aus dem aktuelle Konflikt verlaangt. Vu Revanche fir den Doud vu sengem Papp geet och Rieds. Iwwerdeems huet hien annoncéiert, datt d’Regierung am Sträit ëm d’Strooss vun Hormus an eng “nei Phase” wëll goen, och wann nach keng konkret Detailer genannt goufen.
Den héchste Leader huet och pro-iranesch Manifestanten opgeruff, fir aktiv ze ginn, well ëffentlech Protester senger Meenung no den Ausgang vu Verhandlungen beaflosse kënnen.
De Statement vum héchste Leader vum Iran enthält och een Appell un déi “südlech Noperen”, fir virsiichteg a skeptesch géintiwwer “falschen Versprieche vun deenen Däiwelen” ze sinn. De Message warnt, net “op Verspriechen ze vertrauen, déi net am Interesse vun der Regioun” wieren.