
D’Attentat ass wärend dem Freidesgebiet geschitt, wéi besonnesch vill Gleeweg am Gebai waren. Der Police no huet den Täter fir d’éischt op Sécherheetskräften geschoss an duerno am Gebai selwer Sprengstoff gezünt.
D’Terrormiliz “Islamesche Staat” (IS) huet sech iwwert hire Propagandakanal op Telegram zu der Dot bekannt a souguer eng Foto vum presuméierten Attentäter verëffentlecht. Dës Informatioune konnten awer net onofhängeg iwwerpréift ginn. Zéngdausende Leit hu sech nom Attentat un Trauerzeremonië ronderëm Islamabad bedeelegt.
De Verdeedegungsminister vum Pakistan huet ouni Beweiser Indien fir d’Attentat responsabel gemaach, wat vun Indien resolut zeréckgewise gouf. Am Kader vu Razzien an der Provënz Khyber-Pakhtunkhwa goufen siwe Verdächteger festgeholl. Dobäi koumen op d’mannst ee militanten Extremist an zwee Sécherheetsbeamten ëm.
D’Schiite stellen a Pakistan ronn 20 % vun der Bevëlkerung duer a si reegelméisseg Zil vu Gewalt, ënner anerem duerch den IS.