
Déi israeelesch Arméi huet am Kader vun hirem Militärasaz géint déi pro-iranesch Hisbollah am Libanon d’Stationéierung vu Buedemtruppen am Süde vum Nopeschland ofgeschloss. Aktuell hätten d’Zaldoten hir Posten “laanscht d’Verdeedegungslinn géint Panzerofwierrakéite” bezunn, huet d’Arméi en Dënschdeg erkläert. Beirut no sinn zanter dem Ufank vum Iran-Krich an de Kämpf tëscht Israel an der Hisbollah, déi duerch de Krich nees ugefaangen hunn, méi wéi 1.500 Leit am Libanon ëm d’Liewe komm.
Déi israeelesch Arméi huet erkläert, datt hir Truppen, déi am Südlibanon stationéiert sinn, “weiderhin am Gebitt am Asaz” wieren, “fir déi viischt Verdeedegungsposten ze stäerken a Gefore fir d’Awunner a Communautéiten am Norde vun Israel ze eliminéieren”. Genee geografesch Detailer goufen net genannt.
Israeelesche Medien no wier aktuell net virgesinn, Zaldote méi wäit wéi 20 Kilometer nërdlech vun der Grenz op libaneeseschen Terrain virréckelen ze loossen. D’Truppen hätten “d’Frontlinn” erreecht, déi an den autoriséierten Asazpläng festgeluecht gi wier, heescht et vun der lénksgeriichter israeelescher Zeitung “Haaretz”, déi sech op Arméiskreesser berifft. Dës Linn géing deemno “südlech Dierfer, déi ronn zéng Kilometer vum Litani-Floss ewech leien” ëmfaassen - engem “Gebitt, dat ënner israeelescher Arméikontroll steet”.
Der Zeitung “Jediot Ahronot” no preparéiert d’Arméi den Ament e Plang fir en Asaz, dee si der Regierung virleeë wëll. De Plang géing deemno virgesinn, déi libaneesesch Dierfer un der Front ënner israeelescher Kontroll ze halen.
Aus libaneeseschen Arméiskreesser heescht et, datt déi israeelesch Truppen an der Géigend vun der Küst eng néng Kilometer déif um libaneeseschem Staatsterrain virgedronge wieren. Am méi zentralen Ofschnëtt vun der Grenz wier d’Arméi deemno fënnef Kilometer virgeréckelt an am Oste siwe Kilometer. Aus all dëse Gebidder hat sech déi regulär libaneesesch Arméi zréckgezunn.
Weider heescht et, Israel géing elo déi strategesch wichteg Stad Chiam kontrolléieren - do hate sech israeelesch Zaldoten an d’Hisbollah-Miliz intensiv Kämpf geliwwert. Aus dem Gebitt, an dat israeelesch Truppen agedronge wieren, waren de libaneeseschen Informatiounen no “hefteg Explosiounen” ze héieren.
Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz an de leschte Wochen e puer Mol dovu geschwat, eng “Sécherheetszon” am Südlibanon bis bei de Floss Litani anzeriichten, deen eng 30 Kilometer vun der Grenz ewech verleeft. Zil wier et deemno, Attacken aus dem Libanon mat Rakéiten an Dronen op Stied an Dierfer am Norde vun Israel ze verhënneren.