
Déi nächst Parlamentswalen an Israel ginn de 27. Oktober 2026 ofgehaéen, dat huet d'Knesset zu Jerusalem e Sonndeg matgedeelt. Dat aktuellt Parlament kënnt e Freideg fir d'lescht zesummen an domadder huet d'Knesset fir d'éischt zanter Joerzéngten déi regulär Legislaturperiod bis zum Schluss duerchgehalen.
D'Parlamentswale gëllen als wichtegen Test fir den aktuelle Premierminister Benjamin Netanjahu, deen an Ëmfroen däitlech hannen ass. De 76 Joer ale Politiker trëtt nees als Spëtzekandidat vu senger rietser Likud-Partei un.
Als Haaptrival vum Netanjahu am Kampf ëm de Poste vum Premier gëllt de fréiere Generol an Arméischef Gadi Eisenkot.
Enn Juni hat den Netanjahu an enger Usprooch op der Tëlee annoncéiert, no de Walen eng méiglechst breet Koalitioun bilden ze wëllen. Hie géif eng breet national Regierung ustriewen, "keng rietsgeriicht Regierung, keng lénksgeriicht Regierung, déi vun arabesche Parteien ofhängeg ass", esou den Netanjahu.
Den aktuelle Regierungschef regéiert den Ament och mat rietsextreme Parteien. Insgesamt stoung hien an de leschte Jore méi wéi 18 Joer un der Spëtzt vun israeelesche Regierungen an domat méi laang wéi all anere Premierminister an der Geschicht vum Land.
Zanter méi wéi fënnef Joer leeft géint den Netanjahu e Prozess wéinst Korruptioun. Donieft mécht eng Majoritéit vun den Awunner hie fir d'Versoe vun den israeelesche Sécherheetsefforte beim Terrorugrëff vun der Hamas um 7. Oktober 2023 responsabel.