De litauesche Verdeedegungsministère huet e Mëttwochmoien eng Alerte Jaune erausginn. Dat wéinst enger Dron, déi vu Belarus aus an de litauesche Loftraum agedrongen ass. Fir fënnef Stied an hir Ëmkreesser ass eng Warnung erausgaangen. Den internationale Fluchhafe vu Vilnius gouf zougemaach an den Zuchverkéier gestoppt. D'ëffentlecht Liewen am baltesche Land stoung kuerzzäiteg stëll.
A verschiddene Stied goufen '’Awunner a Bunkere bruecht. An der Haaptstad Vilnius goufen och Deputéierter vum Parlament a Membere vun der Regierung a Schutzraim bruecht, ënnert hinnen de President Gitanas Nauseda an d'Premierministesch Inga Ruginiene.
Virun der Alerte hat d'litauesch Arméi gemellt, dass am Loftraum vu Belarus e Radar-Signal entdeckt ginn ass, dat alleguer d'Unzeeche vun enger Dron gewisen huet. D'Nato-Loftiwwerwaachung ass aktivéiert ginn.
Litauen, Estland a Lettland gehéieren zu de gréissten Ënnerstëtzer vun der Ukrain am Krich géint Russland. Moskau huet deenen dräi Länner ëmmer nees reprochéiert, dass si hiren Territoire géife bereet stellen, fir dass d'Ukrain vun dësem aus kéint Attacken op Russland lancéieren. D'Regierunge vun deenen dräi Länner streiden dat of.