
Duerch en Ausbroch vun de Riedelen sinn am Bangladesch bannent e puer Wochen iwwer 500 Kanner ëm d'Liewe komm. Zënter Mëtt Mäerz si scho 512 Kanner un de Riedelen am Land gestuerwen. D'Spideeler an der Haaptstad Dhaka wieren wéinst der héijer Zuel u Patienten iwwerfuerdert, op der Intensiv-Statioun géifen net genuch Better stoen, heescht et vun offizieller Säit.
Am stäerkste vun der Well betraff wieren offiziellen Zuelen no Kanner am Alter tëscht sechs Méint a fënnef Joer. Fir d'Situatioun ënner Kontroll ze bréngen, huet d'Land eng Massen-Impfungscampagne lancéiert. Der UN-Kannerhëllefsorganisatioun Unicef no goufe bis ewell scho ronn 18 Millioune Kanner geimpft. Unicef seet weider, dass vill Kanner keng Impfung géint d'Riedele kruten, well et am Joer 2024 zu Masseprotester an dem Stuerz vun der autokratescher Regierung koum.
Bei de Riedelen handelt et sech ëm e Virus, deen héich ustiechend ass. Am schlëmmste Fall kann dës Krankheet bleiwend Schied ausléisen, oder souguer déitlech sinn. D'Krankheet ka Mënsche vun all Alter treffen, ass awer bei Kanner am stäerkste verbreet.