US-Medie mellenDonald Trump consideréiert nei Attacken op den Iran

AFP, iwwersat vun RTL
Den Trump selwer huet op Truth Social matgedeelt, dass hie wéinst den "Ëmstänn" iwwert d'Feierdeeg zu Washington wäert bleiwen.
© KENT NISHIMURA/AFP

Wéinst den zéie Verhandlunge mam Iran denkt den US-President Donald Trump Medieberichter no iwwer nei Attacken op den Iran no. Bei enger Sëtzung mat senge Sécherheetsberoder huet den Trump zu neien Attacken tendéiert, heescht et e Freideg Säitens dem Noriichte-Portal "Axios". Den Trump selwer huet op Truth Social matgedeelt, dass hie wéinst den "Ëmstänn" iwwert d'Feierdeeg zu Washington wäert bleiwen.

Den Iran dogéint huet e Samschdeg annoncéiert, mat enger "desaströser Reaktioun" ze äntweren, sollt d'US-Militär d'Attacken nees ophuelen.

Weider mellt "Axios", den Trump hätt sech bei der Sëtzung mat senge Beroder "frustréiert" iwwert d'Verhandlunge mat Teheran gewisen. Den US-Sender CBS mellt, Vertrider vu Militär a Geheimdéngscht hätten hir Rees-Pläng fir de laange Weekend wéinst de méiglechen Attacken annuléiert. CBS berifft sech hei op anonym Quellen. Béid Medie mellen allerdéngs och, dass nach keng Decisioun getraff gouf.

Back to Top
CIM LOGO