
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel seet e richtege Friddensprozess am Ukrainkrich wär net méiglech, bis Russland wierklech bereet wär, iwwer e Waffestëllstand ze schwätzen. Dat sot hien zu Prag an Tschechien wärend enger Diskussiounsronn um GLOBSEC-Forum.
Rezent war jo d'Nouvelle zirkuléiert, de russesche President wéilt iwwert en Enn vum Krich schwätzen, awer just zu Moskau a mat Mediateuren, déi hie géif eraussichen.
D'EU misst mat um Dësch sëtzen, wann iwwert en Enn vum Ukrain-Krich negociéiert géif ginn, esou de Bettel. Virop awer missten d'Ukrainer de Go ginn.
Zu Prag hat den Ausseminister och Echangen ënnert anerem mam President a mam Premierminister vun Tschechien.