
Un engem risege Chimietank wier eng Fuite opgetrueden, heescht et e Freideg vun den Autoritéite vu Garden Grove südëstlech vu Los Angeles. Den Tank, dee mat 26.000 Liter brennbarer Flëssegkeet gefëllt ass, kéint explodéieren, wouduerch gëfteg Dämp iwwer en dicht besidelt Gebitt fräigelooss géinge ginn.
Am Tank ass Methylmethacrylat - eng flüchteg a brennbar Flëssegkeet, mat där Plastik hiergestallt gëtt. De Pompjeechef Craig Covey huet d'Situatioun als immens geféierlech bezeechent. Loftopname vu lokale Fernseesender hu gewisen, wéi d'Secouriste mat grousse Schläich Waasser op den Tank geriicht hunn.
"Et bleiwen nëmmen nach zwou Optiounen", sou de Covey weider. "Entweeder gëtt den Tank no a léisst am Ganze bis zu 26.000 Liter héichgeféierlech Chemikalien op de Parking, deen dobäi ass, lafen." Oder de Behälter géing explodéieren, woubäi warscheinlech och Tanken an der Géigend beschiedegt géinge ginn, an deenen och Sprit oder Chemikalien dra sinn.
"Mir ordonéieren dës Evakuéierungen, fir op genee dës béid Zenarie preparéiert ze sinn: dass den Tank nogëtt oder dass en explodéiert." "Wgl. kommt eisen Demanden an eisen Uerderen zur Evakuéierung no", sou nach de Covey. Dem Policechef vu Garden Groove no goufe ronn 40.000 Leit zur Evakuéierung opgefuerdert. Allerdéngs géingen dausende Betraffener refuséieren, hir Haiser ze verloossen, esou den Amir El-Farra.
D'Secouriste géingen alles maachen, fir eng Katastroph ze verhënneren, sou de Covey weider. D'Beméiungen, den Tank ze killen an eng Explosioun ze verhënneren, weisen dem Covey um spéide Freidegowend no schonn éischt Erfolleger: "D'Temperatur ass op 61 Grad Fahrenheit erofgaangen, woubäi 50 Grad den Idealwäert ass."
D'Gesondheetsautoritéite vun der Regioun Orange County hunn d'Leit opgeruff, hir Haiser dach nach ze verloossen. "Sollt et tatsächlech zu enger Explosioun kommen an Dämp austrieden, wier Dir doduerch all a Sécherheet - virausgesat, Dir sidd baussent der Zon, déi als Evakuéierungsgebitt festgeluecht gouf", esou d'Regina Chinsio Kwong an engem Videomessage.