Trotz laange VerhandlungenKeng Eenegung op Stäerkung vun Atomwaffespärvertrag

AFP, iwwersat vun RTL
Trotz wochelaange Verhandlungen iwwer den Atomwaffespärvertrag hu sech d'Staaten, déi de Kontrakt ënnerschriwwen hunn, net op eng Stäerkung vum Ofkommes eenege kënnen.
Trotz wochenlanger Verhandlungen über den Atomwaffensperrvertrag haben sich die Unterzeichnerstaaten nicht auf eine Stärkung des Abkommens einigen können. Die elfte Überprüfungskonferenz bei der UNO in New York ging ohne Ergebnis zu Ende.
De Konferenzpresident géing keen Ofschlossdokument virleeën, well d'Staate sech net eenegen hätte kënnen.
© AFP/Archiv

Déi eeleft Kontrollkonferenz bei de Vereenten Natiounen goung e Freideg ouni Resultat op en Enn. "Trotz eise gréisste Beméiungen ass d'Konferenz menger Meenung no net an der Lag, en Accord iwwer déi inhaltlech Ziler z'erreechen", sot de Konferenzpresident Do Hung Viet. Hie géing dowéinst keen Ofschlossdokument fir e Vott virleeën.

D'Verhandlungen iwwer d'Zukunft vum Vertrag lafen zanter Enn Abrëll. Theeme waren ënnert anerem d'Atomprogrammer vum Iran an Nordkorea souwéi d'Gefor vun engem atomare Wettrëschten. Wärend de Gespréicher wieren Entwërf fir Accorden zwar ëmmer méi verwässert ginn, trotzdeem hätte sech d'Staate schlussendlech net op en Ofschlossdokument eenege kënnen, heescht et vu Vertrieder, déi un de Verhandlungen deelgeholl hunn. D'Verhandlunge wieren doduerch erschwéiert ginn, datt Decisiounen zum Atomwaffespärvertrag am Konsens geholl musse ginn.

Och bei de béide viregte Konferenzen an de Joren 2022 an 2015 haten d'Staaten an inhaltleche Froe keen Accord erreecht. Trotz engem neie Scheitere bei den aktuelle Verhandlunge bleift de Vertrag awer a Kraaft.

Zum Atomwaffespärvertrag vun de Vereenten Natiounen, deen 1970 vun de fënnef deemolegen Atommuechten USA, Sowjetunioun, China, Frankräich a Groussbritannien ënnerschriwwen hunn, gehéieren haut ronn 190 Staaten. D'Ofkommes verflicht Staaten ouni Atomwaffen, op dës ze verzichten. Donieft soll domat eng weider Verbreedung vun Atomwaffe verhënnert ginn, eng komplett Ofrëschtung gefërdert an déi international Kooperatioun bei zivillen Atomprojete gestäerkt ginn. Am Duerchschnëtt gëtt all fënnef Joer eng Kontrollkonferenz vum Vertrag organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO