
D'Mam an de Stéifpapp vun de franséische Kanner, déi a Portugal an der Pampa ausgesat gi waren, sinn an Untersuchungshaft, dat deelt déi däitsch Noriichtenagence DPA mat, déi sech hirersäits op aner Medien berifft, déi dat unanime mellen.
E Riichter reprochéiert den zwee Fransousen schwéier Kierperverletzung an d'Aussetze vu Kanner. D'Mamm an de Stéifpapp kommen vu Colmar am Elsass, net wäit vun der däitscher Grenz fort.
D'Kanner déi ausgesat a vun engem Chauffer gerett gi waren, hunn dräi a fënnef Joer. Déi Verdächteg waren en Donneschden gepëtzt ginn.