737-MAX-FligerongléckerBoeing muss Fluchgesellschaft LOT keng Entschiedegung fir Ausfäll bezuelen

AFP, iwwersat vun RTL
Am Fall vun zwee déidleche Fligeraccidenter aus de Joren 2018 an 2019 vu Boeing Maschinne vum Typ 737 MAX huet en US-Geriicht iwwer Haftungsfroen decidéiert.
Ein Gericht in Seattle im US-Bundesstaat Washington hat am Freitag entschieden, dass der US-Flugzeugbauer Boeing nicht für Einnahmeausfälle der polnischen Fluglinie LOT nach Abstürzen von Boeing-Maschinen haftbar gemacht werden kann.
© AFP/Archiv

Wéi d'Geriicht zu Seattle am US-Bundesstaat Washington e Freideg gerurteelt huet, muss den US-Fligerconstructeur Boeing net fir Recettenausfäll vun der polnescher Fluchlinn LOT haften, nodeems hir 737-MAX-Maschinnen an der Suite vu Chutte fir 20 Méint um Buedem hu misse bleiwen.

Hannergrond sinn zwou Chutte vu Boeing-Fligeren: 2018 war eng 737 MAX vun der Fluchgesellschaft Lion Air erogefall, 2019 dee selwechte Fliger vun Ethiopian Airlines. Am Ganze waren dobäi 346 Mënschen ëm d'Liewe komm. Dono hat Boeing zouginn, e feelerhafte Fluchstabiliséierungsprogramm verbaut ze hunn, deen zu de Chutte bäigedroen hätt.

Wéinst dem Feeler huet d'US-Loftfaartautoritéit ordonéiert, datt all 737-MAX-Maschinnen um Buedem bleiwe mussen. Dat vu Mäerz 2019 bis November 2020. Viru Geriicht hat d'Fluchgesellschaft LOT Boeing wéinst Ausfäll vu Recetten an deem Zäitraum an Héicht vun 250 Milliounen Dollar verklot. Dat mat der Begrënnung vu "virsätzlechen a farlässege falschen Duerstellunge" vum Fligerconstructeur.

Nom Urteel huet d'Airline an engem Schreiwes der Noriichtenagence AFP matgedeelt, datt ee weider rechtlech Schrëtt géint de Fligerconstructeur préiwe géing. Boeing huet erkläert, datt ee sech iwwer "d'Urteel vum Jury" freeë géing.

Donieft ginn et Dosende Kloe vu Familljemembere vun den Doudesaffer. De Gros dovu konnt awer aussergeriichtlech gekläert ginn. Eréischt dëse Mount hat en US-Geriicht der Famill vun enger deemools 24 Joer aler US-Biergerin 49,5 Milliounen Dollar Schuedenersatz zougesprach, déi bei der Chute vun der Ethiopian-Airlines-Maschinn am Mäerz 2019 ëm d'Liewe komm war.

Back to Top
CIM LOGO