
D'USA an den Iran hu sech op e Kader fir eng Verlängerung vun der Wafferou ëm 60 Deeg gëeenegt, sou Informatiounen aus US-Kreesser, déi der AFP virleien. Den Accord misst awer nach vum US-President Donald Trump ofgeseent ginn. Virdrun hat d'Noriichte-Portal "Axios" schonn iwwert eng Eenegung bericht.
"Axios" no hu sech béid Säiten op en Ofkommes gëeenegt, mat där d'Wafferou verlängert an d'Verhandlungen iwwert den iraneschen Atomprogramm lancéiert kënne ginn.
De méigleche Progrès bei de Verhandlungen koum wärend neien Tensiounen tëscht Washington an Teheran. No géigesäitegen Attacken hunn den Iran an d'USA sech géigesäiteg Verletzunge vun der Wafferou virgehäit, déi zënter dem 8. Abrëll gëllt.
En zentrale Sträitpunkt bei de Verhandlungen iwwert en dauerhaft Enn vum Krich ass, niewent dem iraneschen Atomprogramm, d'Strooss vun Hormus. Duerch de Mieres-Couloire gëtt normalerweis e groussen Deel vum weltwäite Pëtrols- a Flësseggashandel ofgewéckelt. Den Iran blockéiert d'Strooss vun Hormus awer zënter dem Ufank vum Krich Enn Februar zu groussen Deeler.