Selenskyj an DäitschlandKiew a Berlin decidéiere Kooperatioun bei Defense an Neiopbau

RTL mat AFP
Mat enger grousser Delegatioun war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj fir Gespréicher a Verhandlungen op Berlin gereest.
Eng Gruppefoto vun der ukrainescher Aarbechtsvisitt zu Berlin.
Eng Gruppefoto vun der ukrainescher Aarbechtsvisitt zu Berlin.
© ODD ANDERSEN/AFP

Méi Zesummenaarbecht bei der Defense an Hëllefe beim Neiopbau: Däitschland an d’Ukrain hu bei de Consultatiounen tëscht béide Länner zu Berlin méi Kooperatiounsaccorden ënnerschriwwen. Beim Besuch vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj a senger héichrangeger Delegatioun, déi aus verschiddene Ministere bestanen huet, goufen en Dënschdeg de Mëtteg bei enger Zeremonie am Kanzleramt zwee Accorden ënnerschriwwen.

Defense an Neiopbau

Den däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius a säin ukraineschen Homolog Mychailo Fedorow hunn en Accord fir d’Zesummenaarbecht am Beräich vun der Defense ënnerschriwwen. Am Beräich vum Neiopbau a vun der Widderstandsfäegkeet vun der Industrie huet déi däitsch Entwécklungsministesch Reem Alabali-Radovan an den ukrainesche Minister fir Ekonomie, Ëmwelt a Landwirtschaft Oleksi Sobolew eng Déclaration d’intentions ënnerschriwwen.

Virdrun hat de Bundeskanzler Friedrich Merz den ukrainesche President mat militäreschen Éieren an der däitscher Haaptstad empfaangen a mat him verschidden Dronesystemer, déi aus engem Kooperatiounsprojet vun Däitschland an der Ukrain eraus entstane sinn, gewise kritt.

Weider Gespréicher am Laf vum Dag

Am weidere Verlaf vum Dag ware Gespréicher tëscht dem Merz a Selenskyj esou wéi den Delegatioune vu béide Länner geplangt. Bei de Gespréicher dierft et virun allem ëm weider Hëllefe fir d’Ukrain goen. Just wéinst der massiver internationaler Ënnerstëtzung konnt d’Ukrain déi lescht véier Joer de russeschen Ugrëffer standhalen. Ee vun de gréissten Ënnerstëtzer ass eben Däitschland.

Wann de Regierungswiessel an Ungarn bis vollzunn ass, dierften och déi 90 Milliarden Euro, déi d’EU der Ukrain léine wëll, méiglech ginn. 60 vun den 90 Milliarde sollen der Ukrain no an d’Arméi investéiert ginn, fir där hir Fäegkeet, an de Joren 2026 an 2027 weider ze kämpfen, ze garantéieren.

Russesch-ungaresch Pipeline soll nees opgoen

Dobäi kéint et och hëllefen, datt de Wolodymyr Selenskyj en Dënschdeg zougesot huet, datt d’Pipeline, déi Pëtrol vu Russland an Ungarn transportéiert, Enn Abrëll nees kann opgoen. “Wat d’Pipeline ugeet, wäert se, wéi mer versprach hunn, Enn Abrëll reparéiert sinn. Nach net komplett, mä genuch, fir datt se funktionéiert”. De Status vun der Pipeline war jo ee vun de grousse Sträitpunkten tëscht dem Selenskyj an dem Viktor Orban, dee jo aktuell nach d’Geschécker vun der ungarescher Regierung leed. De Selenskyj huet och annoncéiert, datt hie bereet wier, sech mam zukünftege staarke Mann an Ungarn dem Peter Magyar ze treffen. “Mir si prett fir e Meeting, wann ëmmer den neie Premierminister dat wëll”.

Back to Top
CIM LOGO