
Israel an de Libanon hunn e Freideg an den USA e Kaderaccord ënnerschriwwen, deen de Wee fir e Friddensofkommes tëscht den Nopeschlänner soll fräi maachen. "Mir freeën eis, de Kaderaccord tëscht de souveräner Regierung aus dem Libanon an natierlech der Regierung vun Israel bekannt ze ginn", esou den US-Ausseminister Marco Rubio zu Washington. D'USA "vermëttelen en ënnerstëtzen" dëst Ofkommes an hunn et och mat ënnerschriwwen.
D'Zil vum Ofkommes ass et, "e Kader fir en dauerhafte Fridden a Sécherheet ze schafen", esou de Rubio weider. Israel an de Libanon hu bis ewell keng offiziell diplomatesch Bezéiunge gehat a sinn zanter 1948 formell am Krichszoustand.
Mëtt Abrëll hate béid Länner zu Washington eng éischte Kéier zanter Joerzéngte direkt matenee verhandelt. An dëser Woch war déi fënneft Ronn vun de Verhandlungen. Déi libanesesch Miliz Hisbollah, déi zanter Ufank Mäerz Krich géint Israel féiert, war net un de Gespréicher bedeelegt.
Déi vum Iran ënnerstëtzt Hisbollah hat de Libanon Ufank Mäerz mat Attacken op Israel an den Iran-Krich eragezunn. Israel hat mat Loftattacken op Ziler am Libanon reagéiert an ass dono och mat Buedemtruppen an de Süde vum Land agedrongen. Rezent gouf et eng Wafferou, déi awer ëmmer nees gebrach gouf.
D'USA hate jo scho mam Iran a Kaderaccord ënnerschriwwen, fir den Iran-Krich op en Enn ze bréngen. Aktuell lafe Verhandlungen, déi an engem Zäitraum vu 60 Deeg zu engem Ofschloss vun engem finalen Deal féiere sollen.